Alfred Charles Kinsey
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Alfred Charles Kinsey, gebuer den 23. Juni 1894 zu Hoboken, New Jersey a gestuerwen de 25. August 1956 zu Bloomington, Indiana, war en US-amerikanesche Sexualfuerscher an Héichschoulenseignant.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Alfred Charles Kinsey | |
---|---|
Gebuer |
23. Juni 1894 Hoboken |
Gestuerwen |
25. August 1956 Bloomington |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harvard Universitéit, Columbia High School |
Aktivitéit | Biolog, Entomolog, Zoolog, Dokter, Soziolog, Universitéitsprofesser, Psycholog, Schrëftsteller |
Member vun | Phi Beta Kappa |
Zoumaachen
Hie war Professer fir Zoologie op der Indiana University an huet als éischte grouss ugeluecht Enquêtë iwwer d'sexuellt Verhale vum Mënsch gemaach. Déi sou gewonnen Donnéeën huet hien an zwee Wierker erausbruecht, Sexual Behavior in the Human Male (1948) a Sexual Behavior in the Human Female (1953), déi allgemeng als Kinsey-Report bekannt goufen. De Kinsey-Report, deen ze soen den Amerikaner de Spigel virgehalen huet, gëllt haut als mat ee vun den Ausléiser vun der sougenannter Sexueller Revolutioun.