72 Nimm um Eiffeltuerm
Wikimedia-Lëschtenartikel / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Baumeeschter vum Eiffeltuerm, den Alexandre Gustave Eiffel, hat als Unerkennung fir hir wëssenschaftlech Bäiträg d'Familljennimm vun 72 Wëssenschaftler – bis op de Schwäizer Breguet an de gebiertegen Italieener Lagrange, alles Fransousen – un den Eiffeltuerm ubrénge gelooss. Si lafen a gëllene Buschtawen iwwer d'Peripherie vum éischte Stack. Am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf iwwer d'Nimm ugestrach. Bei der Restauréierung vum Eiffeltuerm tëscht 1986 an 1987 duerch d'Société nouvelle d'exploitation de la tour Eiffel (SNTE) si se nees zum Virschäi bruecht ginn.