Äerdrotatioun
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Äerdrotatioun ass d'Dréibeweegung vun der Äerd ëm hir eegen Achs. D'Rotatiounsachs nennt een Äerdachs. D'Äerd dréint sech no Osten, wat sech duerch Orientéierung mat engem Kompass bei Sonnenopgang liicht iwwerpréiwe léisst. Vum Polarstär aus gekuckt, dréint sech d'Äerd géint den Auerzäresënn.
De Rotatiounsvektor vun der Äerd weist no der Rietsschrauwereegel genee op Äerd-Nord, an domat bal genee op de Polarstär. All Punkte vun der Äerduewerfläch, ausser hiren zwéi Polen, beweege sech doduerch an (jee déi lokal) d'Ost-Richtung. Fir en Observateur, dee mat dem Kapp no Norden um Buedem läit an d'Stären um Zenit kuckt, beweegt sech ongeféier eng äerdfest Mastspëtzt (géintiwwer engem noe Stär bannen enger Minutt visuell) och no Osten, dat awer um Himmel duerch d'Kucke vun ënnen, quasi wéi aus dem Äerdkär eraus gesinn, lénks läit.
Déi duerchschnëttlech Dauer vun enger Ëmdréiung zu deem als rouend ugehollenem kosmeschen Hannergrond – de mëttlere sidereschen Dag – ass 23 h 56 min 4,10 s (wat där vum IERS festgeluechter nomineller mëttlerer Wénkelvitess vu 7,292115 × 10−5 rad/s[1] entsprécht). Als Bezuchspunkt fir déi prezis Miessung vun der Ëmdréiungsdauer déngen hautdesdaags ënner anerem mat Radiointerferometrie observéiert extragalaktesch Radioquellen. Bis viru wéinege Joerzéngte stoungen awer keng rouend Referenzpunkten zur Dispositioun, déi héijeren Uspréch gereecht hätten. Déi vun den Observatiounen zougängleche Stäre ware wéinst hirer Eegebeweegung nëmmen ageschränkt gëeegent.
An der astronomescher Praxis bezitt een d'Ëmdréiung dofir an der Reegel op de Fréijoerspunkt, deem seng Lag bezunn op d'Stären a Planéiten ëmmer berechent ka ginn. D'Zäitspan, déi d'Äerd braucht, fir no enger Ëmdréiung nees déi selwecht d'Stellung um Fréijoerspunkt anzehuelen, ass e Stärendag. Dofir dauert e Stärendag nëmmen 23 h 56 min 4,09 s. D'Prezessioun vun der Äerd dogéint ass de Grond, fir datt e sidereschen Dag ongeféier 8 ms (d. h. Millisekonnen) méi laang ass wéi e Stärendag.
Wann een de Stärendag a 24 h* (Stonnen Stärenzäit) andeelt, dann ass d'Stärenzäit eng direkt Mooss fir den Dréiwénkel vun der Äerd. Aus der Kenntnes vun der Stärenzäit léisst sech also den aktuellen Himmelsubléck bestëmmen. Fir den Observateur kulminéiert de Fréijoerspunkt um 24 h*.
D'Bezeechnung: Stärendag bezitt sech trotz sengem Numm net op d'Stären, mä op de Fréijoerspunkt. Op d'Stäre bezitt sech de sidereschen Dag. Déi englesch Bezeechnungen (festgeluecht vum IERS) si beispillsweis genee ëmgekéiert: de Stärendag heescht do sidereal day, wärend de sidereschen Dag stellar day heescht.